Comité d’éthique vum CHL

D’Gesetz vum 8. Mäerz 2018 relative aux établissements hospitaliers et à la planification hospitalière reegelt mam Artikel 26 d’Aufgaben an d’Missiounen vum sougenannte Comité d’éthique, iwwert deen all Spidol verfüge muss. De Comité d’éthique huet innerhalb vum Spidol ganz wichteg Aufgaben a Missiounen ze erfëllen.
Esou verfüügt natierlech och den CHL iwwert ee Comité d’éthique. Op der Website vum CHL ginn d’Missiounen an Aufgabe vun dësem beschriwwen an et ginn d’Presidentin, de Vize-President an d’Sekretärin vum Comité genannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Aus wéi ville Membere besteet de Comité d’éthique vum CHL insgesamt a firwat ginn net alleguer d’Membere vum Comité op der Website genannt?

  2. Wou steet dëse Comité am Organigramm vum CHL respektiv ass en der Direktioun ugegliddert oder handelt et sech ëm eng Cellule libre?

  3. Wat sinn d’Konditiounen, fir kënne Member vum Comité ze ginn? Ginn et Incompatibilitéiten?

  4. Wéi vill Avisen huet de Comité d’éthique pro Joer geschriwwen? Wou kënnen dës Avisen nogekuckt ginn?

  5. Wéi eng Schrëtt kann eng Persoun ënnerhuelen, wa si sech beim Comité d’éthique wéinst engem Problem mellt, vun dësem awer keng Äntwert kritt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 572

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen