FRO.LU: Resultater vun Analysen aus private Laboen am DSP

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Et ginn eng Rei vu medezineschen Examen, deenen hir Resultater duerno an den DSP (Dossier de soins partagé) eropgeluede kënne ginn. Dozou zielen zum Beispill Bluttanalysen oder Biller vun enger Rëntgen. Bis d’Dokumenter awer am DSP fir de Patient disponibel sinn, dauert et deelweis relativ laang. Esou dauert et scho mol eng Woch oder méi, bis d’Biller vun enger Rëntgen am DSP ze fanne sinn. Bei de Resultater vu Labos-Analysen, zum Beispill vun enger Bluttanalyse, déi bei engem private Labo hei am Land gemaach gouf, dauert et suguer dacks direkt e puer Wochen oder souguer e puer Méint, bis dës am DSP ze fanne sinn. Gläichzäiteg sinn déi selwecht Resultater awer iwwert d’Online-Portaler vun de Laboratoirë ganz séier fir hier Clienten an d’Dokteren zougänglech.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang dauert et an der Moyenne, fir d’Resultater vun Analysen oder medezineschen Examen, déi an engem Spidol gemaach goufen, an den DSP eropzelueden?

  2. Wéi laang dauert et an der Moyenne, fir d’Resultater vun Analysen oder medezineschen Examen, déi bei engem private Labo gemaach goufen, an den DSP eropzelueden?

  3. Wéi sinn déi laang Delaien ze erklären?

  4. Plangt d’Ministesch, d’Resultater vun Analysen oder medezineschen Examen, wéi zum Beispill enger Rëntgen, direkt am DSP disponibel ze maachen? Wa jo, wéi soll dat gemaach ginn?

Fro n°564

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 564

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene