Aarbechtsmesuren a sozial Initiativen

 Wéi aus dem Rapport d’activité fir d’Joer 2021 vum Aarbechtsministère ervir geet, goufen deemools 30 Konventiounen mat verschiddenen Organismes gestionnaires d’initiatives sociales (dozou gehéieren z. B. d’CIGLen) ënnerschriwwen, déi insgesamt eng 2.152 Persounen encadréiert haten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister schon Zuele fir d’Joren 2022 an 2023 nennen fir déi genannten Ënnerstëtzungsprojeten?
    Wéi vill Konventioune gouf et an dëse Joren a wéi vill Leit hunn dovu profitéiert?

  2. Huet de Minister Zuelen, déi den Erfolleg vun dëse Mesuren evaluéieren? Wat waren hei d’Parameteren?

  3. Wéi vill vun de Persounen, déi 2021 (an eventuell 2022 an/oder 2023) un enger vun de konventionéierte Mesuren deelgeholl hunn, kruten dono um éischten Aarbechtsmarché eng fest Plaz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 519

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene