Famillje mat Kanner an der Prekaritéit

D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt n° 50138R.  E Verweis op kuerzfristeg Léisungen, wéi zum Beispill d’Wanteraktioun, ass och net als zoulässeg jugéiert ginn, mam Verweis op d’Gesetz zu Lëtzebeurg. Méi komplizéiert gëtt et, wann et bei Flüchtlingen oder och Residenten eng ganz Famill mat Kanner betrëfft. Hei stellen sech eng ganz Rei Froe wéi een dës Famillje kann ënnerstëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wann eng Famill mat Kanner hei zu Lëtzebuerg hir Wunneng aus wéi enge Grënn och ëmmer verléiert, den Office Social an de Fonds du logement keng Wunnenge fräi huet, wéi eng Hëllefe ginn esou enger Famill op staatlecher Säit ugebueden? 

  2. Wann Familljen aus anere Länner mussen op Lëtzebuerg flüchten, wéi eng Léisunge kann ee ganze Familljen ubidde fir hir spezifesch Besoine wéi dee vun der Privatsphär respektéieren ze kennen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 538

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene