Bilan 30 bei klenge Kanner

Et existéiere verschidde Bilanen, mat deene Bëbeeën a kleng Kanner evaluéiert ginn, ob si sech hirem Alter entspriechend entwéckelen. Wa Kanner bei dëse Bilane méi schlecht ofschneiden, wéi dëst normalerweis de Fall ass, sou kann dat op eventuell Entwécklungsstéierungen hiweisen. Dës Bilanen si fräiwëlleg, et gëtt also keng Obligatioun, fir un dëse Bilanen deel ze huelen, allerdéngs ginn deelweis finanziell Incentiven fir eng Participatioun proposéiert. 

Beim Bilan 30 solle sproochlech Defiziter scho fréi festgestallt ginn an doduerch ka scho fréi mat enger Fërderung ugefaang ginn, nach éier d’Kanner an de Cycle 1 kommen a se riskéieren, de Retard nëmme méi schwéier nees ob ze huelen. 

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 5628 huet déi deemoleg Gesondheetsministesch geäntwert, dass just 48,1% vun den Elteren de Bilan 30 vun hire Kanner maache loossen an den Taux de participation an de leschte Jore stabel war. Den SNE fuerdert, dass de Bilan 30 sollt obligatoresch fir all Kand gemaach ginn.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’Ministesch der Fuerderung géigeniwwer, fir de Bilan 30 fir all Kand obligatoresch ze maachen?

  2. Wéi vill Kanner kënnen all Mount fir e Bilan 30 evaluéiert ginn?

  3. Wéi vill Kapassitéiten sinn all Mount nach disponibel fir Kanner ze evaluéieren?

  4. Ëm wéi vill kéinten d’Kapassitéiten kuerz-, mëttel- a laangfristeg ausgebaut ginn, fir nach méi Kanner ze evaluéieren?

  5. An der Äntwert op eng Fro sot déi deemoleg Ministesch:
    “Des projets de sensibilisation directe et ciblée des parents et des professionnels de la petite enfance sont actuellement élaborés par le Service audiophonologique. Les orthophonistes de ce service ont développé un module de formation concernant l’évolution normale et pathologique du langage et sa stimulation. Ce module sera proposé aux jeunes parents (sur invitation) et au milieu de l’éducation non-formelle (personnel des crèches et des maisons-relais) au cours de l’année 2022.”

    Goufen dës Projete, wéi an der Äntwert annoncéiert, schonn ëmgesat?
    • Wa jo, leien hei schonn Analysen iwwert den Erfollëg vun de Projete vir a wat sinn d’Resultater vun dëse Projeten?
    • Falls nach keng Resultater iwwert den Erfollëg virleien, wéini sollen dës publizéiert ginn?

  6. Wéi laang sinn an der Moyenne d’Waardezäiten, fir ee Rendez-vous fir de Bilan 30 ze kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 520

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene