Elektronesch Parkscheif

Aktuell gëtt et op europäeschem Niveau keng Konformitéit wat den Asaz vun enger digitaler Parkscheif ugeet. Eng digital Parkscheif huet en elektronesche Beweegungsmelder integréiert, esou dass wann den Auto ausgemaach gëtt d’Parkzäit sech automatesch astellt. D’Zäit dierf dono net weiderlafen an och net à distance manipuléierbar sinn. An Däitschland, Dänemark an Holland ass esou e Modell ënnert bestëmmte Konditiounen erlaabt, an Éisträich, der Belsch an der Schwäiz zum Beispill verbueden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass den Asaz vun enger digitaler Parkscheif (esou wéi uewe beschriwwen, an net manuell manipuléierbar) zu Lëtzebuerg erlaabt? Falls net, aus wéi enge konkrete Grënn ass den Asaz verbueden?  

  2. Ginn et Iwwerleeungen dës Reglementatioun kuerzfristeg ze änneren an sech esou och den Nopeschlänner unzepassen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 503

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene