Pirate kloe géint d’Regierung!

D’Pirate bieden d’Regierung ëm een Danz um Parquet vun der Justiz.

An der Affär ëm RTL GROUP existéiert ee geheime Kontrakt tëschent dem Staat anRTL. De Sven Clement huet a senger Funktioun als Deputéierten Asiicht an dëse Kontrakt gefrot, wat de Premierminister Bettel him awer verweigert.

Transparenz beim Staat = 0.

Domadder ginn d’Piraten sech awer net geschloen an hunn dofir eng Requête bei Verwaltungsgeriicht agereecht, dat d’Fro kläre soll, ob een Deputéierten Asiicht an d’Dokumenter vum Staat huet oder net. D’Decisioun vum Geriicht wäert deemno Konsequenzen hunn fir d’Transparenz beim Staat. Gewannen d’Piraten, kéint d’Regierung an Zukunft keng Geheimnisser viru senge Volleksvertrieder verstoppen.

Dat wär ee klore Gewënn fir den transparente Staat!

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene