Pfandsystem zu Lëtzebuerg

An Däitschland existéiert zënter Joren ee Pfandsystem op Gedrénksfläschen a Béxen. Hei ass et esou, dass all Supermarché, deen iwwer 200m2 Verkafsfläch huet, all Fläschen muss zeréckhuelen, op déi ee Pfand drop ass. Geschäfter ënnert 200m2 musse just déi Saachen zeréckhuelen, déi si am Sortiment hunn.
(Quell: https://dpg-pfandsystem.de/index.php/de/faq-ruecknehmer.html)

Och zu Lëtzebuerg existéiert op verschiddenen Verpackungen, grad bei Glasfläschen, ee Pfand. Et ass awer esou, dass hei net all Gedrénkshändler oder Supermarché all Artikel zeréckhëlt, mee meeschtens ëmmer just dat, wat si och selwer am Sortiment féieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat sinn grouss Gedrénkshändler hei am Land net verflicht, fir all Gedrénksfläschen zeréckzehuelen, esou wéi dat an Däitschland schonns de Fall ass? 

  2. Wäert d’Regierung sech un der däitscher Gesetzgebung inspiréieren an de lëtzebuergesche Pfandsystem dementspriechend verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 487

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt