Péiteng brauch seng Policebeamten:innen zerëck

Am Péitenger Gemengerot vum Meinden 18te Mäerz hunn eis véier Piraten am Gemengerot gefuerdert, dass d’Polizist:innen, déi wéinst dem Heescheverbuet an d’Stad ofgezunn gi sinn, erëm zeréck an hiert Kommissariat Péiteng/Käerjeng sollen zeréck kommen. D’Piraten hunn dofir eng schrëftlech Resolutioun am Gemengerot presentéiert. Eis Fuerderung ass kohärent mat eiser Linn, déi mir och um nationalem Niveau an der Chamber vertrieden.

Mir waren net iwwerrascht, dass den CSV-Vertrieder a siichtbarer Nervositéit an Onbehagen mat Hänn a Féiss géint eis Resolutioun argumentéiert huet, woubäi Villes aus dem Kontext gerappt gouf an den Toun net ugepasst war fir den demokratesch gewieltene Vertrieder vun enger Majoritéitspartei. Et ass allerdings verständlech, dass een net oppen géint säin Parteikolleg an Inneminister am Gemengerot géif virgoen.

Méi iwwerrascht war d’Piraten iwwert Verhalen vun der LSAP souwei déi Gréng, déi eng ganz aner Meenung vertrueden hunn, wéi hir Kolleegen um nationalem a kommunalem Niveau, wou si sech oppen géint den Ofzuch vu Polizisten asetzen. 
Déi Gréng argumentéieren, se hätten den Text vun der Piraten-Resolutioun net gutt fonnt. Erstaunlech, well d’Fuerderung am Text genee déi selwecht ass, wéi déi, déi d’Sektioun Déi Gréng zu Diddeleng.

D’LSAP, déi sech national a kommunal grouss fir méi Sécherheet asetzt an een Ofzuch vun de Polizisten aus der Stad fuerdert, war zu deem Thema gëschter guer näischt ze héieren. Erstaunlech: kee Kommentar, ouni Asaz fir hir eegen Iwwerzeegungen a mucksmäuschenstill souzen d’Vertrieder:innen vun de Sozialisten an hu sech, wéi et schéngt, mat den Erklärungen vun der CSV gutt konnten identifizéieren. 

Wärend bei der DP an de lëschte Wochen d’Press beriicht hat, dass een sech mat der CSV beim Thema Heescheverbuet net eens wär, ass et zu Péiteng wuel sou, dass DP ganz gutt domadder ka liewen.

Fir d’Piraten hunn d’Vertrieder vun deenen anere Parteien am Péitenger Gemengerot eng falsch Entscheedung getraff. Hätten déi Gréng an d’LSAP zu hirem wuert gestanen, dann hätt sech gëschter zesumme mat de Piraten eng Majoritéit fonnt, als Zeechen géint dem Inneminister Gloden seng feehlerhaft Sécherheetspolitik.   

An Zukunft dierf de Wieler sech froen, ob LSAP an Déi Gréng et nach eescht mengen mat hiere Rieden. Wann et drop ukennt, hu si elo gewisen, dass si net zu hirem Wuert stinn. Hir Akzeptanz mat der CSV zu Péiteng léisst déif blécken, wéi si zu de Grondwerter vun der Mënschlechkeet stinn a wéi si d’Sécherheetssituatioun an hirer Gemeng bewäerten

D’Piraten wäerten déi selwescht Resolutioun nach an anere Gemengeréit zum Vott stëllen, wou mir vertrueden sinn, fir ee kloert Zeechen ze setzen. Op eist Wuert ass Verloss, mir wäerten eis weider dofir asetzen dass d’Policebeamten:innen do bleiwen, wou se virgesinn waren: an hiere Gemengen.  

  

Hei ass den Text vun eiser Resolutioun am Gemengerot:

De Gemengerot vun der Gemeng Péiteng stellt fest:

  • dass aus de Policekommissariater am Süden vum Land (Regioun Sud/Ouest), wouzou och d’Gemeng Péiteng gehéiert, Polizisten ofgezu gi sinn, fir hir Kolleegen aus der Stad z’ënnerstëtzen. Dëst, ënnert Anerem, wéinst dem Duerchsetze vum sougenannten « Heescheverbuet », der Drogekriminalitéit an der illegaler Migratioun an der Stad Lëtzebuerg );
  • dass d’Penurie u Polizisten um Terrain, trotz massivem Recrutement an de läschte Joren, nach ëmmer net komplett opgefaange konnt ginn;
  • dass d’Regierungsparteien CSV an DP an de jeeweilege kommunale Walprogrammer e grousse Wäert geluecht hunn op d’Sécherheetsgefill;
    • « méi eng grouss Policepresenz, fir dass d’Bierger sech méi sécher spieren » (CSV),
    • « Mir engagéieren eis fir: – dass d’Police erëm méi Presenz weist an hirem Motto « no beim Bierger » gerecht gëtt » (DP);
  • dass Konsens besteet, dass Péiteng net op Polizist:innen um Kommissariat verzichte kann.

Dofir decidéiert de Gemengerot Folgendes:

  1. E Courrier am Numm vum Gemengerot un den Inneminister ze maachen, an dem gefuerdert gëtt:

    – dass d’Ofzéie vu Polizisten aus der Regioun Süd-West réckgängeg gemaach gëtt, well dës Ekippen och fir d’Kommissariat Péiteng/Käerjeng gebraucht ginn;

    – dass den Inneminister der Gemeng Péiteng déi néideg Erklärungen zoukomme léisst betreffend dem Ofzéie vu Policebeamte vum Péitenger Kommissariat.

Zesummenhang posts

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net méi erop ginn, wann den Index kënnt. D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Aus dëse Grënn
Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.  An
Au Luxembourg travaillent environ 485.000 personnes, dont près de la moitié sont des frontaliers qui viennent travailler chaque jour dans notre pays. Plus de