Fly in no company (Privatjets)

D’Lëtzebuerger Land schreift am Artikel “Fly in no company” vum 8te Mäerz 2024, dass de Premierminister fir Auslandsreesen op Privatjets zeréckgegraff huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung eng Lëscht virleeë mat alle Flich aus de leschte 5 Joren, fir déi ee Privatjet genotzt gouf, a wou folgend Informatiounen enthält:
    • Fluchstreck (Départ & Arrivée);
    • Käschte vum Fluch;
    • Notznéisser (Ministère).

  2. Wat waren d’Grënn firwat an deene Fäll Privatjets genotzt goufen an net op regulär Linnieflich (Economy, Business) oder alternativ Transportmethoden (Schnellzuch, Fuerpark Regierung, etc.) zreck gegraff ginn ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 481

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene