Notzung vu lëtzebuerger Militärfliigeren fir Ministeren

Lëtzebuerg huet an de leschte Jore fir Honnerte Milliounen Euro Militärfligere finanzéiert, déi am Kader vun der EATC zesumme mat anere Länner benotzt ginn. Lëtzebuerg huet d’Fligeren net selwer kaf, mee huet Fluchstonne kaf, mat deenen eist Land ee Fliger “loune” kann. Fir den Airbus A330 MRTT huet Lëtzebuerg 1200 Fluchstonnen am Joer zegutt, déi iwwert 30 Joer ronn 600 Milliounen Euro aus dem Staatsbudget kaschten.

Dës Fluchstonne sollte fir wichteg staatlech Aufgabe genotzt ginn. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3961 vun 2021 hat déi deemoleg Regierung geäntwert, dass bis dohinner nach kee Regierungsmember op d’Transportméiglechkeete vun engem vun de lëtzebuergesche Militärfligeren zeréckgegraff hat. An engem Land-Artikel vum 8te Mäerz 2024 “Fly in no company” heescht et awer elo, dass de Premierminister am Kader vu verschiddenen Auslandsreese Fluchstonne vun engem Militärfliger genotzt huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fluchstonne goufen an de leschte 4 Joren aus dem EATC fir den Transport vu Regierungsmemberen oder héije Beamten benotzt (opgeschlësselt no Ministère an no Fligertyp, dee Lëtzebuerg am Kader vum EATC zur Verfügung stinn)?

  2. Wéi vill Fluchstonnen a fir wéi eng aner Zwecker sinn d’Fligeren am Kader vum EATC genotzt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 474

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene