Bezierkskongress Osten 2024

Mir invitéieren dech häerzlech op de Ost-Kongress, deen en Donneschden, den 18ten Abrëll 2024, ab 19h00 am Kulturhuef Bistro stattfënnt. D’Adress ass 54 route de Trèves L-6793 Grevenmacher.

De virleefege Programm vum Kongress gesäit esou aus: 

  1. Begréissung an Erëffnung duerch de Marc Goergen, Deputéierten a Koordinator
  2. Wal vun der Kongressleedung
  3. Wal vum Bezierkscomité fir déi nächst 2 Joer (Kandidaturen via ahoi@piraten.lu oder per Post)
    1. 1 Koordinator
    1. 1 Tresorier
    1. Weider Comitésmemberen
  4. Wal vun 2 Keessepréifer 
  5. Divers
  6. Owesiessen (Flatrate)

Owesiessen um Kongress (Flatrate)

D’Flatrate fir Iessen a Gedrénks kascht 30€. Um Menü ass Hamm, Fritten an Zalot an zwee Gedrénks sinn inclus. Wanns du léiwer eng vegetaresch/vegan Optioun hues, dann deel eis dat wannechgelift an der Kommunikatioun mat.

Aus Organisatiounsgrënn mell dech w.e.g. bis den 15/04/2024 un, andeems du einfach ee Virement op eise Bankkonto méchs :

Piratepartei Lëtzebuerg asbl 
BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000 
Schreif w.e.g. an d’Kommunikatioun 
“Flatrate Kongress Osten 2024 + Unzuel u Persounen

Oder mell dech mat dem heite Link un:

https://buy.stripe.com/14keV72Ehdk05LG14w

Membersbäitrag 2024

Denk drun, däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2024 ze bezuelen, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen. De Betrag kanns du op de folgende Konto iwwerweisen :
Piratepartei Lëtzebuerg asbl BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000 
Schreif w.e.g. an d’Kommunikatioun : “Membersbäitrag 2024 + däin Numm”

Du kanns däi Membersbäitrag fir 2024 och ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuehlen : cotisation.pp.lu 

Bei Froen kanns du eis gäre kontaktéieren: 20 33 37 oder ahoi@piraten.lu

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene