Amëschung vun der Politik an d’Police-Aarbecht

A sengen Aussoen rondërem d’Heescheverbuet huet den Inneminister e puer Mol gesot, dass hien der Police Uweisungen ginn huet. Esou och am RTL-Interview vum 11te Mäerz. Am nämmlechten Interview sot en awer och, dass et net um Minister wier, fir der Police ze soen, wéi si sech asetze soll. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft huet den Inneminister zënter sengem Amtsuntrëtt Uweisungen un d’Police ginn? 

  2. Wéi wäit ginn dem Inneminister seng Kompetenzen, fir der Police Uweisungen oder Uerderen ze ginn?

  3. Déi aktuell Regierung wëll eng Gemengepolice aféieren. Wéi wäit ginn engem Buergermeeschter respektiv enger Buergermeeschtech seng /hier Kompetenzen, fir der Police Uweisungen oder Uerderen ze ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 460

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene