Wéi den 100,7 gemellt huet, gouf no enger Entrevue mat de Responsabele vum Radiologiezenter Hygie ee Verbuet fir d’Notzung vum Apparat fir Mammografien decidéiert. Patient:innen, déi schonn e Rendez-vous haten, géifen elo un déi véier Klinicke verwise ginn.
Aktuell ginn et hei am Land nach ëmmer grouss Retarde bei de Rendez-vousen fir Mammografien an de Spideeler, soudass et fir vill Leit interessant war, trotz de méi héije an net vun der CNS rembourséierbare Käschten ee Rendez-vous bei Hygie ze huelen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat geschitt elo mat dem Apparat fir Mammografië vun Hygie?
-
Ass eent vun de Spideeler hei am Land dorun interesséiert, fir den Apparat direkt ze iwwerhuelen, fir esou d’Offer vu verfügbaren Terminer héich ze halen?
QP Nummer 467