D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- D’Regierung huet ugekënnegt, fir proaktiv wëlle Wunnengsprojeten opzekafen, fir esou de Stock un ëffentlechem Wunnraum signifikativ z’erhéijen;
- D’Moossnam soll de Bausektor an dëser schwiereger Phase ënnerstëtzen a gläichzäiteg dofir suergen, dass de Staat selwer méi Wunnengen a säi Besëtz kritt, fir dës kënnen zu erschwéngleche Präisser unzebidden;
- Am Budget 2024 si fir dës Moossnam déi néideg budgetär Mëttel virgesinn;
- Et muss opgepasst ginn, dass d’Steiergelder effizient genotzt ginn an Abusen an d’Iwwerpräissung duerch privat Promoteure verhënnert gëtt;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- Beim Kaf vu Wunnprojeten duerch de Staat änlech Krittären ewéi beim Pakt Logement 2.0 ze respektéieren.