Voll Transparenz beim Opkaf vun Immobilieprojeten duerch de Staat

D’Piraten hunn an der Chamber Folgendes gefuerdert:

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Am Projet vum Staatsbudget fir 2024 huet d’Regierung sech virgeholl, fir proaktiv Immobilieprojeten opzekafen (VEFA) fir esou d’Unzuel u Wunnengen an ëffentlecher Hand signifikativ mat erschwéngleche Wunnengen opzestocken;
  • Fir de Kaf vu Wunnenge sinn insgesamt 222 Millioune fir d’Aides à la Pierre an Acquisitiounen duerch de Spezialfong vum Logementsministère virgesinn, mee et geet aus den Zuelen net ervir, wéi dës Akeef opgeschlësselt sinn a wéi eng Immobilieprojete fir wéi vill Geld kaf goufen;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Dass all Kafkontrakt fir d’Wunnengen der zoustänneger Chamberskommissioun zäitno presentéiert gëtt mam Detail, wat fir all eenzel Wunnunitéit bezuelt gouf a wat d’Entstehungskäschte waren.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene