Parteileedung 4te Mäerz 2024

Vun der Parteileedung ware präsent: Sven Clement, Starsky Flor, Daniel Frères, Marc Goergen, Gilles Mertz, Raymond Remakel (Präsidium); Chris Bernard, Tammy Broers, Bruno Da Silva, Ben Lomel, Teresa Monteiro, Ben Polidori, Christian Welter, Marie-Marthe Muller, Paula Couto, Jean Heuschling, Claude Legrand.

Visiteur : Patrick Steffen

Start : 19h00 ; Enn : 21h00

Aktuelles

1. RTL (Marc) (huis clos)

Aus taktesche Grënn, gouf decidéiert, dëse Punkt am Huis clos ofzehalen.

2. Gemengen Aktualitéit (Marc)

Point fir Aktuelles aus de Gemenge gewuer ze ginn, wou eis Sektiounen aktiv sinn.
Austausch bei engem Tour du Table, wat an de jeeweilege Gemenge leeft.

3. HQ Kopstal (Gilles)

Diskussiounen doriwwer, wéi mer den HQ zu Kopstal weider wëllen notzen, notamment d’Sous Locatioun vu verschiddene Büroen, déi aktuell net gebraucht ginn.

De Koordinator informéiert, Spriechstonn vum Personal Mëttwochs Nomëttes.

Interna

/

Finanzen

Point doriwwer, dass vill Gemengen sech net eens sinn, wéi hir Jetone besteiert ginn an ob d’Gemeng se direkt op de Parteikonto iwwerweise kann oder net. Diskussiounen iwwert d’Parteifinanzéierung, et mussen all Joer 80000€ Eegerecette generéiert ginn. De Groussdeel entsteet duerch d’Ofgab vu Jetonen vun eise Mandatairen. Fir déi nächst Parteileedung mécht den Trésorier e Bilan a wéi enger Gemeng et wéi gehandhaabt gëtt.

Sektiounen

4. Nei Memberen (Christian) (huis clos)

Presentatioun, ween bäikomm ass während dem läschte Mount.  

Events

5. Relais pour la vie (Christian)

Relancement vum Christian, ween nach beim Relais wëll mat machen.

6. Fraestreik (Christian)

Reminder vum Christian, dass mer e Freiden op de Fraestreik ginn.

7. Stater Emaischen (Marie-Marthe)

Diskussioun doriwwer, dass mer do wëlle präsent sinn a Schockelas-Eeër verdeelen.

Diskussioun, op wéi engen Eventer mer nach wëlle vertruede sinn. 

Divers

Marie-Marthe: Informatioun an Diskussioun iwwert déi nächst Heescheverbuet-Manifestatioun. 

Point vum Hesper Gemengeconseiller Mathis iwwert d’Diskussioun iwwert de Marc Lies. Sie maachen als Oppositioun e Bréif, dass de Buergermeeschter sech muss offiziell entschëllegen an de Schäfferot soll Stellung dozou bezéien, gefollegt vun enger Diskussioun iwwert déi Virfäll.

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser