Erausgeheit aus der Sozialwunneng

Wéinst deenen héije Wunnengspräisser um Wunnmarché musse vill Stéit op ëffentlech Initiativen zeréckgräifen, déi Wunnraum zu engem erschwéngleche Präis ubidden.

Verschidde Wunnengen gi vun enger Agence immobilière sociale (AIS) ugebueden am Kader vun der Gestion Locative Sociale (GLS), wou de Staat a Kooperatioun mat Organisatiounen (ASBLen, Fondatiounen, Gemengen, etc.) zesummeschafft. Dës Agencen probéieren, fir Wunnengen zu engem gerechte Präis un déi Leit ze verlounen, déi se brauchen.

Elo ass et esou, dass dës Agencen awer och Leit aus hire Wunnengen erausgeheie kënnen. Mir sinn eleng am Raum Péiteng 7 Fäll bekannt vu Familljen, déi deemnächst aus hirer GLS-Wunneng wäerten erausgesat ginn an déi an den nächsten Deeg wäerten hier Wunnengen verlosse mussen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ginn aktuell esou vill Locatairen aus de Wunnengen am Kader vun der GLS erausgeheit?

  2. Firwat kënnt et aktuell zu méi Fäll?

  3. Wat mécht de Staat zesumme mat senge GLS-Partner, fir dass déi Leit net op der Strooss landen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 453

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt