Fairtrade Gemengen

Bildquell: https://www.fairtrade.lu/

Vum 1te bis de 15te Mee feiert d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg d’Fairtrade Wochen. Produiten, déi de Fairtrade-Sigel op der Verpackung hunn, suergen fir akzeptabel Aarbechtskonditiounen a fair Salairen op der Welt. Esou entscheet sech de Konsumment duerch säi Kaf vun engem Fairtrade-Produit, fir d’Welt ee klengt Stéck besser ze maachen, aplaz Suen um Réck vu Mënschen aus anere Länner ze spueren.

Grad de Staat an d’Gemenge sollten mam gudde Beispill virgoen a verantwortlech Produkter akafen. Fir d’Gemengen existéiert de Label “Fairtrade Gemeng”, wou et virun allem drëms geet, dass d’Gemeng Werbung fir de fairen Handel mécht an offensiv un d’Bierger:innen kommunizéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi eng Gemengen hei am Land si Fairtrade-Gemengen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 452

Mir hu folgend Nofroen gestallt:

  1. Mat wéi vill Euro ënnerstëtzt de Lëtzebuerger Staat all Joers de Kaf vu Fairtrade-Produkter?
  2. A wéi enge Ministèrë gi Fairtrade-Produkter kaf? 
  3. Wat huet d’Regierung bis ewell ënnerholl, fir d’Gemengen allgemeng op d’Notzung vun nohaltëgen Produkter ze sensibiliséieren?

QP Nummer 577

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene