D’lescht Joer gouf de Gesetzesvirschlag mat der Nummer 7883 an der Chamber ofgestëmmt, mat deem d’CSV sech dofir agesat huet, dass all Kand de selwechten Accès op informatescht Material soll hunn, egal ob et an enger finanziell wuelsituéierter Gemeng lieft oder an enger finanziell manner gutt situéierter Gemeng. Dëse Gesetzesvirschlag gouf awer mat de Stëmme vun der deemoleger Majoritéit ofgeleent.
Duerch déi grouss Ënnerscheeder bei de finanzielle Méiglechkeeten tëschent de Gemenge ginn et effektiv grouss Ongläichheeten. Grad Kanner, déi a Stéit mat engem méi niddregen Akommes wunnen, sinn hei laangfristeg am Nodeel. Si kréien dacks just spéit Accès op informatescht Material a sinn domat vis-à-vis vun hire Klassekomeroden aus besser situéierte Stéit benodeelegt, déi dacks scho fréi Kontakt domat hunn a besser equipéiert sinn an dowéinst och besser domat eens ginn. Dëst gouf virun allem an der Covid-19-Pandemie däitlech siichtbar, wou vill Kanner aus manner gutt situéierte Stéit beim Cours à distance däitlech manner gutt geléiert an herno méi grouss schoulesch Problemer haten.
Am Koalitiounsaccord gëtt dës Iddi och ugeschwat. D’Regierung wëll Diskussioune mat de Gemengeresponsabelen ophuelen, fir iwwert d’Ausstattung mat informateschem Material an de Grondschoulen ze schwätzen. Grad kleng Gemengen mat méi klenge finanzielle Moyenen hu mat enger steigender demografescher Entwécklung an de Käschte vun enger moderner informatescher Infrastruktur ze kämpfen. Ongläichheete si beim informatesche Material an de Grondschoule also virprogramméiert.
Ech hat dem Inneminister an der Froestonn vum 27te Februar hei scho verschidde Froe gestallt, krut allerdéngs just wéineg Informatiounen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Den Inneminister huet a senger Äntwert op meng mëndlech Fro geäntwert, dass et am Januar éischt Gespréicher mam Secteur gouf, ee méi genaue Planning gouf awer net genannt.
Kann de Minister eis soen, ob et weider Gespréicher wäerte ginn a ee sech a priori prinzipiell d’Accord ass, fir op deem Niveau eppes ze maachen?
Oder dréinen sech Gespréicher nach ëmmer ëm eng Prinzipienentscheedung, ob een dëst wëll maachen oder net? -
Wat fir weider Pläng hunn den Inneministère an den Educatiounsministère nach, fir d’Ongläichheete betreffend den Zougang zu informateschem Léiermaterial ze reduzéieren?
-
Kann de Educatiounsminister schonn en ongeféieren Zäitpunkt nennen, bis wéini alleguer d’Schoulen am Fondamental kéinten equipéiert sinn? (Wifi-Infrastruktur, Laptop/iPads, etc…)
-
Wat sinn d’Käschten (opgeschlësselt pro Gemeng) fir de Kaf, d’zur Verfügung stellen an den Entretien vun informateschem Material an de Schoule vum Fondamental?
-
Wat fir ee Budget kéint d’Gemengen iwwert déi nächst Joren dofir vum Educatiounsministère zur Verfügung gestallt kréien?
QP Nummer 436