Ech hunn observéiert wéi zum Beispill an der Stad Lëtzebuerg wärend enger Staatsvisitt oder och wärend engem Chantier ëffentlech Behënnerteparkplazen wärend Deeg gespaart oder blockéiert gi sinn. Dës Spärungen sinn ouni iergendwellech Indicatiounen op alternativ Parkplaze fir behënnert Leit duerchgefouert ginn. Et erschéngt kloer, dass net all ëffentlech Parkplaz de Besoine vu behënnerte Leit gerecht gëtt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ginn et säitens dem Ministère Instruktiounen op Gemengenniveau, dass bei temporairë Spärungen dës Parkplaze musse kompenséiert ginn a behënnerte Leit eng ëffentlech Alternativ muss gebuede ginn?
-
Falls net, plangt de Ministère hei esou Iwwerleeungen ze féieren?
QP Nummer 410