Fuerpark Staatsvisitten

Bei der rezenter Staatsvisitt vum President vun der tschechescher Republik Petr Pavel a senger Fra ass eis opgefall dass de vu Lëtzebuerg an dësem Kontext zur Verfügung gestallte Fuerpark bal exklusiv aus fossil ugedriwwenen Gefierer bestanen huet. Dozou kennt, dass déi Gefierer, déi ronderëm de Palais stationéiert sinn, aus eis onbekannte Grënn de Motor permanent lafe loossen. Hei stellen sech Froe wat d’Ëmwelt, d’Reputatioun vu Lëtzebuerg an eis Virbildfunktioun ugeet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéiert sech de Ministère par rapport zu dësen Observatiounen? Gesäit de Ministère hei eng Méiglechkeet senger Virbildfunktioun besser gerecht ze ginn? 

  2. Falls dës Gefierer an de Choix vun dësen der Autoritéit vun der Maison Grand-Ducale ënnerleien, plangt d’Regierung hei eng Recommandatioun auszeschwätzen?

  3. Aus wéi enge Grënn besteet den Fuerpark dee fir eng Staatsvisitt genotzt gëtt net aus méi alternativ ugedriwwene Gefierer? 

  4. Wéi vill alternativ ugedriwwe Gefierer, déi ee kéint fir eng Staatsvisitt notzen, wieren aktuell disponibel?

  5. Ginn et Iwwerleeungen de betreffende Fuerpark hei an noer Zukunft anescht z’equipéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 412

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene