Cannabis Däitschland

Ab dem 1.Abrëll ginn et an Däitschland nei Bestëmmunge wat de Cannabiskonsum ugeet. Dës nei Instruktioune sinn ënnert anerem och op Statistike wat de Konsum betrëfft opgebaut ginn. Esou dierfen zum Beispill bis zu maximal 3 Planzen doheem ugebaut an och bis zu 25 Gramm fir den Eegekonsum am ëffentleche Raum mat sech gefouert ginn. Et fält virun allem och op, dass et hei gréisser Ënnerscheeder zu de Bestëmmungen zu Lëtzebuerg ginn, zum Beispill wat de Besëtz a Konsum an der Ëffentlechkeet ugeet. Zu Lëtzebuerg ginn et säit Juli 2023 jo och nei Bestëmmungen, och wann dës nëmmen en éischte Schrëtt vun enger méi grousser Strategie sollte sinn.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Kontext vun der oft thematiséierter an uviséierter gemeinsamer Approche mat eisen Nopeschlänner, wéi positionéiert sech de Ministère par rapport zum Constat dass et an eisem Nopeschland mat dësem Gesetz zu Ënnerscheeder kënnt, wat de Cannabiskonsum ugeet? 

  2. Ginn et Iwwerleeungen sech legislativ un de Bestëmmungen op däitschem Niveau ze alignéieren, besonnesch wat den ëffentleche Raum ugeet? Falls net, wat sinn d’Grënn heifir?

  3. Wéi gesäit de Planning zu Lëtzebuerg aus a wéi eng konkret legislativ Schrëtt sinn an dësem Kontext an den nächste 5 Joer geplangt? Gëtt et e konkreten Timing wéini dës wieder Schrëtt geplangt sinn? 

  4. Ginn et Zuelen déi de Konsum vu Cannabis zu Lëtzebuerg beschreiwen? Falls jo, kënnen dës Zuele mat der Chamber gedeelt ginn? Falls nee, sinn esou Etüden en cours oder wéini plangt de Ministère däraarteg Etüden ze lancéieren?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 398

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt