Eng Schwangerschaft bedeit net nëmmen eng grouss kierperlech Verännerung fir d’zukünfteg Mam, mee och ënner Ëmstänn fir de berufflechen Alldag. Esou zum Beispill och am Enseignement, wou et d’Méiglechkeet gëtt, dass eng Dispens ausgeschwat gëtt. Hei ginn et awer wuel grouss Ënnerscheeder, wéi mir zougedroe gouf. Sou kann et sinn, dass eng Enseignante weider normal schaffe geet, wärend aner Enseignanten op eng administrativ Tâche gesat ginn oder esouguer ganz doheem bleiwen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wien huet alles d’Méiglechkeet, fir esou eng Dispens auszeschwätzen?
-
Sinn d’Reegelen, fir esou eng Dispens auszeschwätzen, am Privatsecteur an an der Fonction public déi selwecht?
-
Op wéi enge Krittäre baséierend gëtt eng Dispens ausgeschwat?
QP Nummer 386