K22

Am Joer 2023 ass de Gesetzesprojet 8154 gestëmmt ginn. Hei ass et ëm e Finanzéierungsgesetz gaangen, wou de Staat 273,5 Milliounen investéiert an e Gebai, dat den Numm „K22“ dréit a jeeweils zur Hallschent vum Staat an ArcelorMittal kaf a geréiert gëtt.
Dëse Projet ass vun der CSV,  zu deem Zäitpunkt nach an der Oppositioun, staark kritiséiert ginn. Den honorablen Deputéierte Laurent Mosar huet an der Debatt dovu geschwat, dass d’Regierung mat dësem Kaf hir Glafwierdegkeet verléiert an hei ëffentlech Gelder mat der Strenz ausgedeelt ginn. Och déi Honorabel Deputéiert Diane Adehm huet am Februar an engem Interview dorops higewisen, dass de Staat esou Gebaier net méi kafen dierft. Dës Aussoe passen an de Kader deen den Här Finanzminister Gilles Roth mëndlech setzt, wou en an engem rezenten Interview dovunner schwätzt, dass ee d’Steigerung vun den ëffentlechen Ausgaben offlaache muss.
De Staat finanzeiert also aktuell e Gebai, wat, wéi déi honorabel Deputéiert vun der CSV et aschätzen, exzessiv Käschte generéiert huet, an et gläichzäiteg awer keen no bausse kommunizéierte Plang gëtt wéi een dëst Gebai optimal notze kann.   

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et säitens den ëffentlechen Autoritéiten Iwwerleeunge wéi ee mat dësem Gebai, beispillsweis duerch eng Locatioun oder e Verkaf, Recette genéiere kann?  Falls nee, aus wéi enge Grënn ginn dës Iwwerleeungen, opbauend um uewen duergeluechte Constat, net gefouert?

  2. Ginn et konkret Pläng wéi eng Departementer hei sollten an de Büroen ënnerbruecht ginn? Wéi gëtt de Choix virgeholl respektiv wéi sinn déi betreffend Servicer ausgewielt ginn? Wéi eng Virdeeler erhofft een sech duerch dëse Placement? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 385

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene