Qualitéit vun Gesetzestexter

Bei der Erëffnungssëtzung vun der Chamber no de Wahlen am Oktober 2023 huet den provisoresche President vun der Chamber a senger Ried dorop higewisen, dass d’Qualitéit vun de Gesetzestexter ofgeholl huet. Beim Neijoschpatt vum Staatsrot huet de President vun dëser Institutioun ebenfalls op dës Problematik verwisen. De President vum Staatsrot huet sech dofir ausgeschwat, dass hei Ännerunge kommen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat wëll dës Regierung konkret géint dëse Problem maachen?

  2. Wat ass d’Positioun vun der Regierung zu der Iddi, fir ee Service de légistique ze schafen an deen an engem Ministère unzesidelen, fir dass dësen all Projets de loi misst pour avis et correction kréien, fir d’Qualitéit vun den Texter ze verbesseren an de Staatsrot ze entlaaschten?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene