ADEM – Decalage am Beräich vun der Informatik

D’ADEM huet a sengen internen Analyse fir d’Joer 2023 festgestallt, dass d’Offer un Aarbechtsplaze bei hinne generell gekuckt ëm méi wéi en Drëttel zeréckgaangen ass. Theoretesch kann dëst e ganz positive Constat sinn, nämlech da wann doduerch och d’Unzuel un demandeurs d’emploi parallel zréckgeet. Zu Lëtzebuerg gesäit d’Realitéit leider anescht aus, d’Unzuel u Leit déi eng Aarbecht sichen ass iwwert de selwechten Zäitraum gekuckt ëm 15,5% geklommen. Konkret gëtt et also eng bedenklech Entwécklung, et gi manner Aarbechtsplazen a méi Leit déi eng Platz sichen.
Bei den Demandeuren huet laut Analyse vun der ADEM eng Majoritéit op mannst de Secondaire supérieur ofgeschloss an et ginn, op e Joer gekuckt, besonnesch bei den héich qualifizéierten an de Leit ënner 30 déi stäerksten Entwécklungen no uewen. Bei den Expertise fält op, dass besonnesch d’Unzuel un Demandeure mat engem informateschen Hannergrond ëm 70% geklommen ass am Verglach zu 2022. Am Beräich vun der Informatik gëtt et awer eng héich Offer u fräie Platzen (1264), dofir ass et ëmsou méi iwwerraschend, dass een eng héich Unzuel u Leit mat engem passenden Hannergrond gëtt (649) déi net kënne vermëttelt ginn.
Et sinn Zuelen déi eiser Meenung no bedenklech sinn a weider Froen opwerfen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi verdeelen sech déi 649 Demandeure mat informateschem Hannergrond op déi follgend Alterskategorien: 15-24, 25-34, 35-54, 55-65. Falls dëst an där Granularitéit net méiglech ass, da w.e.g. a follgenden Alterskategorien: 15-24, 25-54, 55-65. 

  2. Wann d’ADEM vu Leit mat engem informateschen Hannergrond schwätzt, no wéi enge Krittäre gëtt dës Klassifikatioun virgeholl? De leschte Beruff, en Diplom oder eng Zertifikatioun oder eng Auto-Klassifikatioun?

  3. Wéi positionéiert an erkläert sech de Ministère dësen Decalage am Beräich vun der Informatik? 

  4. Sinn d’Formatiounen am Beräich vun der Informatik (re- an upskilling) den aktuelle Besoinen am Secteur vun der Informatik ugepasst? Wéi oft gëtt d’Adequatioun vun dësen Inhalter iwwerpréift? An aus wéi enge Grënn erkennt de Ministère d’Inhalter als konform oder net konform un?

  5. Wat gëtt konkret nieft enger Offer un up- an re-skilling gemaach an ugebueden, fir dass dës Leit trotzdeem an noer Zukunft kënne vermëttelt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 371

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene