Verkaf vu liewegen Homarden – Nofro

Hei am Land kritt een op verschiddene Plazen Homarden an anerer Krustendéiere als lieweg Iesswuer ze kafen. Homarden si schmerzempfindlech Déieren, déi virun allem Hëtzt net verdroen. Trotzdeem ginn hinnen aktuell nach ëmmer d’Schéieren zesummegebonnen a si gi bei der Zoubereedung lieweg a kachend Waasser gehäit. An der Äntwert op meng Fro n°6110 huet den deemolege Minsiter gesot:
“”Homarde falen net ënnert d’Déiereschutzgesetz. Homarde sinn ugesinn als Fëschprodukter, déi am liewegen Zoustand konservéiert ginn”. ”

An der selwechter parlamentarescher Fro, ob de Verkaf vu liewegen Déieren zu Lëtzebuerg wäert legal bleiwen huet de Minister dëst geäntwert:
“”De Verkaf vu liewegen Homarden als Liewesmëttel ass legal soulaang et keng Gesetzgebung gëtt, déi dat verbitt.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Gesetz misst geännert ginn, sou dass Hommarden, Austeren a Muschelen ënnert d’Déierschutzgesetz falen an domat net méi lieweg dierfe verkaft ginn?
    • Wa jo, sinn hei schonn Aarbechten envisagéiert, fir d’Gesetz entspriechend unzepassen?
    • Wa nee, firwat soll et hei net zu enger Gesetzesännerung kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 338

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt