Mat verschiddenen Ausgabe vu seltene Bicher kann ee vill Sue maachen. An Auktiounshaiser an och um Schwaarzmaart gi vir bestëmmten Éischtausgabe ganz héich Montante bezuelt an dat zitt natierlech och d’Kriminalitéit un. Am Ausland sinn an de leschte Méint eng ganz Rei vu Fäll bekannt ginn, wou wäertvoll Bicher aus Bibliothéike geklaut an duerch Replicken ersat goufen. Wéi et schéngt soll et sech em eng Grupp handelen, déi sech als Fuerscherteam ausgëtt, fir an den europäesche Bibliothéike gezielt russesch Literatur aus dem 19. Joerhonnert ze klauen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi gëtt den historeschen Inventaire an de lëtzebuerger Bibliothéike protegéiert?
-
Goufen déi concernéiert Acteuren an de lëtzebuerger Bibliothéiken am Kader vun den aktuellen Déifställ an Europa sensibiliséiert?