Congé politique wann een an enger Aarbechtsmesure ass

Gemengemandatairen hunn ee Recht op ee Congé politique, fir dass si hiert Mandat och onofhängeg erfëlle kënnen. Um Site vum Inneministère kann een noliesen:
“”Les bourgmestres, échevins et conseillers communaux ont droit à un congé politique pour les heures de travail consacrées à l’exercice de leur mandat politique. Le droit au congé politique se fonde sur les articles 78 à 81 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988.””

Am groussherzogleche Reglement vum 6ten Dezember 1989 gëtt präziséiert, dass de Gemengemandataire de Congé am Prinzipp “à sa convenance” kann huelen an dass de Congé als Aarbechtszäit ze gesinn ass, mam Beibehale vum Aarbechterschutz an der Sozialversécherung.

An den Äntwerter op virrecht parlamentaresch Froen (n°7226&7244) hat den deemolegen Aarbechtsminister erkläert, dass Persounen an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM (OTI, CAE, CIE, SP oder CRE) kee Recht op extraordinaire Congéeën hunn. Dëst, well dës Persounen an enger Mesure spéciale net als “Salarié” gëllen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëllt de Congé politique fir Persounen, déi an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM ageschriwwe sinn?
    Falls net, wäert d’Regierung hei Ännerunge virgesinn? 

  2. Wäert déi nei Regierung dofir suergen, dass d’Leit an enger Mesure d’emploi bei der ADEM an Zukunft och vun de Congés extraordinaires kënne profitéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 325

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene