Parteileedung 5te Februar 2024

Vun der Parteileedung ware präsent :

Mandy Arendt, Daniel Frères, Marc Goergen, Camille Liesch, Gilles Mertz, Raymond Remakel, (Präsidiumsmemberen) ;

Chris Bernard, Mathis Godefroid, Teresa Monteiro, Ben Polidori, Jean-Pierre Ecker, Christian Welter, Marie-Marthe Muller, Jo Wampach, Gerald Contreras, Paula Couto, Claude Legrand ;

Visiteur : Joël Krack

Start : 19h00 ; Enn : 21h15

Aktuelles

1. Walofkommes EU-Walen (huis clos)

D‘Parteileedung krut den aktuelle Stand vum Walofkommes fir d’EU-Walen 2024 vun eise Representantë presentéiert a goufen ëm hir Meenung gefrot, ob den aktuellen Accord hinne wäit genuch geet.

Diskussioun a Vote, ob d’Parteileedung mat de Propose vun der aktueller Versioun vum Walofkommes averstan ass.

Vote Parteileedung: Unanime ugeholl. (nodréiglech huet d‘Mandy Arendt, wou online bäigeschalt war, eis matgedeelt bei dem Vott net dobäi gewiescht ze sinn, mais et hätt sech wëllen enthalen)

2. Demande Sektioun Stad

D’Sektioun Stad huet ee Mail mat verschiddene Froen un d’Parteileedung gestallt. Der Vertriederin aus der Sektioun Stad goufen Äntwerten an Erklärungen op dës Froe presentéiert, déi si kann an de Comité mathuelen.

Demande, dass op eiser Website déi eenzel Sektiounen erëm méi Visibilitéit solle kréien. Dës Demande gouf ugeholl an de Ben wäert sech dorëms mam Parteipersonal këmmeren.

3. Diskussioun betreffend Aktiounen, un deene mir eis bedeelegen

Diskussioun doriwwer, wéi an Zukunft d’Entscheedung huelen, u wéi engen Aktioune mir als Partei wëllen deelhuelen an ënnert wéi enge Bedingungen.

Erklärunge betreffend der Organisatioun vum Event „Liichtegoen“ säitens dem Marie-Marthe. Konklusioun vun der Parteileedung, dass mir sou Aktioune méi nuancéiert mussen ugoen a mir aus deenen Diskussioune leieren.

Interna

4. Parteiinternt Liewen (Huis Clos)

Finanzen

5. Parteifinanzéierung: Jetonen Gemengen

De Marc proposéiert, dass Mandatairen um Gemengenniveau (Gemengerot, Kommissiounen, Gemengesyndikater, Aufsichstréit, etc.) sollen op mannst 20% vun hire Jetonen aus hirem Gemengemandat un d‘Partei ofginn.

Bei Buergermeeschteren a Schäffe gëtt ee Montant vun 10% proposéiert.

D’Deputéierte bezuelen aktuell 15% vun hirem steierbefräiten Akommes an d’Partei, obwuel d’Satzung nëmmen 10% virgesäit. (Merci dofir)

D‘Gemengemandatairen kënnen och méi ofginn, wëssend, dass hir Sektioun doduerch 120% vum Montant zegutt huet, déi ee fir d’Sektiounsaarbecht notze kann.

Vote vun der Parteileedung zur Propose vum Marc: Unanime ugeholl. (nodréiglech huet d‘Mandy Arendt, wou online bäigeschalt war, eis matgedeelt bei dem Vott net dobäi gewiescht ze sinn, mais et hätt sech wëllen enthalen) Den Tresorier preparéiert eng Circulaire un d’Mandatairen an d’Reegel soll an déi nei Satzung afléissen, déi dëst Joer um Kongress presentéiert gëtt.

6. Käschtenoptimiséirung Partei

Informatioun vum Ben a Gilles, dass d’Partei aktuell drun ass, fir d’Käschten ze optimiséiere vu verschiddenen Ausgaben, fir ze kucken, wou mir bei der Partei kënne Sue spueren (Assurancen, Internetaboen, etc.). Nächste Mount wäerten si méi genee kënne presentéieren, wat mir do als Partei aspuere wäerten.

Fro vum Marie-Marthe, wat mat der Piaggio gemaach wäert ginn. D‘Decisioun iwwert de Piaggio gëtt no de Wale geholl.

7. Budget EU Walen 2024 (Huis Clos)

Presentatioun vum Tresorier iwwert déi aktuell Finanzsituatioun an d’Recetten an d’Ausgabe bis zu den Europawalen.

8. Spriechstonnen fir d‘Memberen

Informatioun, dass d’Partei an Zukunft Spriechstonnen zu Kopstal ubitt an dat all Mëttwoch no der nächster Schoulvakanz. Déi éischt Spriechstonn ass also Mëttwochs den 21ten Februar. D‘Parteipersonal /Eric + Christian) empfänken déi Deeg vu 15 bis 18 Auer Memberen a Mandatairen an hëllefen hinne bei verschiddenen Démarchen (Dokumenter Gemengerot, Grafiken Social Media, etc.).

D’Spriechstonne sinn och Méindeger vun de Parteileedunge vu 15 bis 18 Auer.

Vote Parteileedung: Unanime ugeholl. (nodréiglech huet d‘Mandy Arendt, wou online bäigeschalt war, eis matgedeelt bei dem Vott net dobäi gewiescht ze sinn, mais et hätt sech wëllen enthalen) De Christian gëtt een Informatiounsmail eraus an d’Informatioun soll och am nächste Newsletter kommunizéiert ginn.

9. Satzungsännerung

Propose vum Marc fir déi zukünfteg Zesummesetzung an Organisatioun vun der Parteileedung. Diskussiounen.

Decisioun vun der Parteileedung, dass déi suggeréiert Propose solle mat an den Aarbechtsgrupp iwwert Satzung sollen afléissen: Unanime ugeholl. (nodréiglech huet d‘Mandy Arendt, wou online bäigeschalt war, eis matgedeelt bei dem Vott net dobäi gewiescht ze sinn, mais et hätt sech wëllen enthalen)  

10. Website Iddien

Reportéiert op déi nächst Sitzung.

11. HQ Kopstal (Huis clos)


Diskussiounen iwwert den HQ zu Kopstal.

12. Rappel vun den Outilen déi d’Partei huet fir Basisdemokratie (Marie-Marthe)

Fro vum Marie-Marthe, wéi eng Outilen d’Partei huet fir online Votten ze huelen.

Erklärung vum Gilles, wéi eng Outile schon existéieren:

  • Ëmlafbeschloss per Mail
  • Asemblea online voting Plattform mat anonymem Vott

Propose, fir déi nächste Kéier Asemblea ze notzen, bei Diskussioune rondërem d’Deelhuelen un Eventer, Demoen, etc.  Informatioun, dass den Asamblea och seng Plaz an eiser Satzung wäert fannen.

Sektiounen

13. Nei Memberen

Stand haut sinn 802 Persoune Member bei der Piratepartei. Am Dezember koumen zwou Persoune bäi. Diskussioun doriwwer, wéi mer weider Membere kënne kréien.

De Christian seet an Zukunft och de Bezierkscomitéë Bescheed, wann nei Memberen an hirem Bezierk bäikommen, bis dass déi automatiséiert Mailen erëm funktionéieren.

Events

14. Bezierkskongresser

Reminder, dass nach 3 Bezierker hir Kongresser mussen ofhalen.

13. Relais pour la Vie

Den Eric këmmert sech ëm d’Organisatioun vum Event a freet d’Piraten fir matzemaachen.

14. Festival des Migrations

Christian schreift de Membere fir de Festival des Migrations.

De Christian dréit d’Eventer an den Eventkalenner op eiser Website an.

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser