Wéi am Budgetsgesetz an och a Circulaire vun der Steierverwaltung festgehale ginn ass, konnten d’Leit bis den 31ten Dezember hir Steiererklärung fir d’Joer 2022 eraginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat fir een Datum notzt d’Steierverwaltung an deem Kontext als Limitt bei Steiererklärungen déi via Post ukommen?
-
Wéi geet d’Administratioun mat Erklärungen ëm, déi laut Poststempel virum 31.12 erageschéckt gi sinn, déi awer eréischt am Joer 2024 bei der Steierverwaltung ukoumen?
-
Wéi vill Steiererklärungen fir 2022 sinn an der éischter Januarwoch vun 2024 bei der Steierverwaltung ukomm?