Ëmweltschounend Beliichtung

2020 gouf an der Chamber eng Debatt gefouert iwwert d’Lichtverschmutzung a wéi een Impakt dës op eis Ëmwelt souwéi Mënsch an Déier huet. Grad bei ville Déieren ass kënschtlech Luucht ee Problem, well hire Rhythmus an hiert Verhale verännert ginn. Sou gouf zum Beispill bei Insekten oder Fliedermais erausfonnt, dass d’Luucht hier Orientatioun stéiert an deemno och d’Paarungsverhalen negativ beanträchtegt, wat dann erëm ee Risiko fir d’Biodiversitéit ass.

Vill Spadséierweeër, Nationalstroossen an Autobunnen, wou och Luuchtepottoen stinn, féieren duerch oder laanscht Natura2000-Zonen. D’Liichtverschmotzung gëtt als ee Punkt am nationale Plang fir Naturschutz (PNPN3) opgefouert, deen och dës Regierung ënnerstëtzt, laut Koalitiounsaccord. De Plang verweist op de “Leitfaden „Gutes Licht“ im Außenraum für das Großherzogtum Luxemburg”, wou recommandéiert gëtt, fir op insektenschounend an eng ugepasste Beliichtung ze setzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Op wéi enge Weeër a Stroossen hei am Land si schonns déierefrëndlech Luuchten installéiert?
    Op wéi engen Stroossen ass dat nach net de Fall?

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene