Persounen, déi iwwer 45 Joer hunn an hir Aarbecht wéinst “raisons économiques” verluer hunn, kënnen, wa se eng nei Aarbecht fannen, bei der ADEM eng Demande fir eng Aide au réemploi maachen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Demandë fir eng Aide au réemploi sinn an deene leschte 5 Joer ofgeleent ginn? Wat waren hei d’Grënn dofir (Alter, Kënnegungsgrond, Astellung als Fonctionnaire,…) ?
-
Gesäit d’Regierung Handlungsbedarf, fir d’Aide au réemploi och fir Leit zougänglech ze maachen, déi via Arrêté genannt ginn an kee klasseschen Aarbechtskontrakt hunn?