D’Gestion Locative Sociale (GLS) ass ee wichtegt Puzzlestéck, fir soziaalt an erschwénglecht Wunnen zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen. Dobäi setzt de Staat op d’Kooperatioun mat Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft (ASBLen, Fondatiounen, etc.). Organisatiounen, déi wëllen eng Gestion Locative Sociale ubidden, mussen eng Konventioun mam Staat (Logementsministère a Familljeministère) agoen. Duerch dës Konventioun kréien d’Organisatiounen d’Recht, fir eng Agence immobilière sociale (AIS) opzemaachen, duerch déi Proprietairen den Organisatiounen hir Wunnengen zur Verfügung kënne stellen a steierlech Virdeeler fir d’Locatioun kënne kréien. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 7388 hat de Wunnengsbauminister erkläert, dass et den eenzelen Organismen iwwerlooss ass, wéi si am Detail hir sozial Mietverwaltung emsëtzen a wéi eng Oplagen d’Bewunner vun de Wunnengen hunn.
Den Informatiounen vun der Regierung no (logement.lu, gouvernement.lu) no maachen aktuell 37 Organisatiounen bei der GLS mat an 2022 goufen 1.177 Wunnengen zu erschwéngleche Präisser verlount, woubäi gewise gouf, dass de Logementsministère ronn 1,6 Milliounen Euro bäigeluecht huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wéi vill Gelder kruten déi verschidden Organisatiounen, déi eng Agence immobilière sociale bedreiwen, an de leschte Joren souwuel vum Logementsministère wéi och dem Ministère fir Famill, Solidaritéit an Integratioun (w.e.g. opgelësch no Organisatioun)?
QP Nummer 238