FLNS – Schwammcoursen

Schwammen ass eng fest verankert Sport- a Fräizäitaktivitéit zu Lëtzebuerg. Et ass awer gläichzäiteg och eng Aktivitéit déi muss erléiert ginn, well et zu schlëmmen Accidenter am Waasser ka komme, wéi déi rezent Vergaangenheet et leider och oft genuch gewisen huet. Dofir ginn et queesch duerch d’Land immens vill populär Schwammcouren, Schoulen oder och privat Initiative fir Persoune vun all Generatioun d’Schwamme bäizebréngen. Op Grond vun de Geforen am Waasser kënnt de Formateuren hei eng immens Responsabilitéit zou. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Brevete sinn néideg fir vun der FLNS als offiziellen Instrukter unerkannt ze ginn?

  2. Kann een zu Lëtzebuerg och ouni dës Breveten um kommerzielle Wee Schwammcoursen ubidden? 

  3. Falls jo, gëtt et e Suivi an eng Kontroll vun der FLNS oder dem Ministère op dës Krittären a Viraussetzungen esou och an ëffentlechen Infrastrukturen agehale ginn?  

 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen