russesch Propaganda Sendunge via SES – Nofro

Am Dezember 2022 hate mir bei der deemoleger Regierung intervenéiert, nodeems Recherchen an engem Artikel op Reporter.lu erginn haten, dass Russia Today weider an Asien an Afrika gesent gëtt. 

Et ass eis zougedroe ginn, dass Russia Today iwwert d’Lëtzebuerger Satellitefirma SES nach ëmmer iwwerdroe gëtt, zum Beispill an Indien.

Deemools sot de Premier- a Medieminister ewéi den Ausseminister:
“”Zu kengem Ament gouf et en Zweifel um Wëllen vun der SES Sanktiounen ëmzesetzen. Den ablécklechen Dialog mat der EU-Kommissioun soll hëllefen ze klären wéi d’EU-Sanktiounen an dëse spezifesche Fäll vun EU-Satellittebedreiwer sollen an enger koherenter an effikasser Aart a Weis ëmgesat gi. De Message, dass d’SES d’Sanktiounen wëllt a muss ëmsetzen ass kloer un déi Entitéiten, déi des Sender kennen ofschalten, kommunizéiert ginn. Och an dësem Kader sinn d’Regierung, d’SES an d’EU-Kommissioun am Kontakt, fir eng juristesch a politesch korrekt Léisung fir d‘Ëmsetzen vun den Sanktiounen ze fannen.” (QP n°7364)”

Eng Nott vun der Cellule scientifique vun der Chamber huet nach eemol ënnerstrach, dass Sanktioune géint Propaganda-Sendere rechtens sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sent d’SES iwwert hir Clienten nach ëmmer indirekt Russia Today Senderen?

  2. Wat ass am Dialog mat der EU-Kommissioun heizou festgehale ginn? Wéi soll d’SES d’Sanktiounen an dësem Fall ëmsetzen?

  3. Wéi hunn déi betraffe Senderen/Clienten op d’Opfuerderung zum Ofschalte reagéiert?

 

Zesummenhang posts

Den ale Plan national de lutte contre le tabac ass ausgelaf a sollt, no den engagéierte Verspriechen, evaluéiert ginn ier en neie Plang ausgeschafft
Laut Zuele vum Parquet goufen 2024 iwwer 1.100 Persoune bei der Police als vermësst gemellt – eng Verdueblung am Verglach zu 2020, wou et