FRO.LU: Prozedure bei der CNS

Wann een eng Réi Ofrechnunge vum Dokter an enger Kéier bei d’CNS schéckt ginn dës net onbedéngt gemeinsam traitéiert. Dëst ass och esou um Site vun der CNS annoncéiert. Ville Leit ass de Prozess hannert dem Enregistréiere vu Rechnungen an dem Ausbezuele vun de Gelder net bekannt.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  1. Firwat ginn d’Rechnungen esou gehandhaabt?
  2. Och wann de System vum Tiers payant ugelaf ass, huet d’Ministesch selwer an der Chamber ze verstoe ginn, dass et nach wäert dauere bis all Dokter dësen och wäert notzen.
    Wäert bis dohi weiderhin un enger Verbesserung vum traditionelle Remboursementsystem geschafft ginn? Wa jo, wat ass nach envisagéiert fir d’Liewe vun de Mataarbechter:innen vun der CNS ze vereinfachen an d’Delaien ze verkierzen?

Qp n°208

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene