Ausbildung vu Juegdhënn

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Ëmwelt, Klima an Biodiversitéit weiderzeleeden.

Juegdhënn sinn Hënn, déi vun hire Besëtzer dorop trainéiert ginn, am Bësch aner Déieren ze erschnoffelen a si eventuell an eng Richtung ze joen oder ze apportéieren. Esou ginn dës Hënn beispillsweis bei der Juegd agesat, wou d’Hënn gäre vu verschiddene Jeeër genotzt ginn, fir zum Beispill Huesen ze fannen an se zréck bei si ze brengen. Déiereschutzorganisatioune wéi PETA kritiséiere verschidden Ausbilungsmethode vu Juegdhënn, wéi se zum Beispill beim trainéiere vum Apportéiere vu liewegen Déieren zum Asaz kommen, schaarf. An der Fro n°4199 hat ech der deemolegen Emwëltministesch éischt Froen zur Ausbildung vun den Hënn gestallt. D’Ministesch huet erkläert, dass dem Ministère nëmmen eng Associatioun bekannt wier, déi sech op d’Ausbildung vu Juegdhënn spezialiséiert huet.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Vu wiem ginn dës Ausbildungen ugebueden?
  2. Wat fir Coursë sinn an de leschte 5 Joer ugebuede ginn? Wéi oft ginn esou Coursen am Joer ugebueden?
  3. Wéi laang dauert d’Grondausbildung vun engem Juegdhond?
  4. Ass dem Minister bekannt, wéi vill Leit an de leschte 5 Joer un esou Ausbildungen Deel geholl hunn?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene