Nofro: Finanziell Engpäss am Sportsecteur

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°174 huet de Minister gesot, dass et keng Retarde géif gi beim Ausbezuele vun den Aiden fir de Sportsecteur – weder fir d’Decompte vun 2023, nach fir d’Avance vun 2024. Trotzdeem schéngen d’Sue fir de Secteur ze spéit ze kommen. Bei enger ganzer Rei Sportfederatiounen a -veräiner, ginn d’Keessen esou lues eidel, wat bei lafende Käschten, déi gedeckt musse ginn, a Paien, déi ausbezuelt musse ginn, de Secteur aktuell viru grouss Erausfuerderunge stellt.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wëll de Minister zousätzlech zum regulären Ausbezuele vun den Aiden nach op eng aner Aart a Weis op déi finanziell Engpäss am Sportsecteur reagéieren?
  • Kéint de Secteur nach méi kuerzfristeg wéi geplangt mat de finanziellen Hëllefe rechnen, fir sécher ze stellen, dass d’Paien Enn Januar all ausbezuelt kënne ginn?
  • Wéi wäert d’Ausbezuele vun den Avancë fir d’Joer 2024 am Kader vum Douzième provisoires Budget oflafen? Kënnen d’Federatioun och do kuerzfristeg mat enger substantieller Avance rechnen, wéi an de Jore virdrun?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen