Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Direktvollen tëscht Lëtzebuerg a China – Nofro

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°49 huet d’Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten Folgendes geäntwert: “D’Ekippe bei der Douane um Flughafe sinn op déi potentiell Méibelaaschtungen duerch déi direkt Vollen aus China preparéiert. Wéi bei all nei Drëttlandsvollen üblech, sinn d‘Ekippen an dëser éischter Phase, an där de Flux nach nei ass, renforceiert. An enger zweeter Phase, baséierend op deenen éischten Erfahrungswäerter, ginn d’Ekippe gegeebenefalls ugepasst. Dëst natierlech am Aklang mat de weideren Attributionen vun der Douanesverwaltung”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Ekippen huet d’Douane aktuell op der Arrivée fir Passagéier um Luxairport?

  2. Aus wéi ville Persoune bestinn déi eenzel Ekippen, opgedeelt no vereedegte Staatsbeamten a Stagiairen?

  3. Eis gouf zougedroe, dass a méi Ekippe scho länger Leit feelen a si ënnerbesat sinn. Zënter wéini feele Leit an deenen eenzelnen Ekippen?

  4. An der Äntwert op meng drëtt Fro aus der parlamentarescher Fro n°49 steet, dass bei der Douane “d‘Ekippen an dëser éischter Phase, an där de Flux nach nei ass, renforceiert” gi wieren. Wéi vill Leit goufen zousätzlech bei der Douane zënter der Annonce vun den Direktvollen tëscht Lëtzebuerg an China als Renforcement op d’Arrivée gesat?

  5. Kann de Minister bestätegen, dass d’Renforcementer, vun deenen d’Ministesch schreift, aus Leit aus aneren Ekippen op der Arrivée bestinn, déi hire Schichtplang geännert kruten, wat am Géigenzuch awer fir e grousse Personalmangel an den ursprénglechen Ekippe suergt?

  6. Wat ass geplangt, fir de Personalmangel laangfristeg an de verschiddenen Ekippen ze behiewen?

 

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll