Ëmsetzung vum Heescheverbuet

Den Policeminister hat de leschte Mount d’Decisioun geholl, fir een Heescheverbuet, wat vun der Stad Lëtzebuerg per Gemengeregleemnt gestëmmt gouf, esou duerchgoen ze loossen. De Kritiken betreffend der Legalitéit an Ëmsetzbarkeet vum Verbuet an den Doléancen vu villen Organisatiounen aus dem Milieu goufen hei keng Rechnung gedroen.

Vun der Policegewerkschaft SNPGL heescht et an engem Interview am Quotidien vun haut, dass d’Polizist:innen um Terrain elo déi onméiglech Aufgab hunn, tëschent der organiséierter an der normaler Heescherei z’ënnerscheeden an missten all Form vun Heescherei ënnerbidden. 

Mir wëlle vum Inneminister d’Informatioun kréien, wat fir eng Uweisungen hie ginn a froen hien, fir der Kommissioun Abléck an déi relevant schrëftlech Dokumenter an dësem Zesummenhang ze ginn.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene