Steier-Avancen

An der Seance publique n° 8 vum 20ten Dezember 2023 ass de Gesetzesprojet 8343 gestëmmt ginn. Duerch dëse Vote vun der Chamber gëtt de Steierbarème am Januar 2024 ëm 4 Indextranchen ugepasst. Duerch dës Upassung sinn d’Berechnung vun de Steier-Avancë fir d’Joer 2024, déi nach op de Jore virdrun opbauen, net adaptéiert. Konkret bezuelen déi betraffe Leit ze héich Avancen, obwuel hinne bewosst ass, dass se duerch dës Adaptéierung manner bezuele missten. E proaktiivt adaptéiert Zréckbezuele géif Strofzënse mat sech bréngen an ass domat och net wierklech eng envisagéierbar Optioun. Et stellt sech also d’Fro wéi een déi betraffe Bierger kann ënnerstëtzen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et Iwwerleeunge säitens dem Ministère d’Steier-Avancë vun de betraffene Leit nei ze berechnen an hinnen nach am éischten Trimester 2024 eng passend Kommunikatioun ze schécken? 

  2. Falls nee: Ginn et Iwwerleeunge säitens dem Ministère d’Strofzënsen an engem Fall vu proaktivem adaptéierten Zréckbezuelen ze annuléieren? 

  3. Falls nee: Net adaptéiert Steier-Avancë féieren héchstwarscheinlech zu méi héije Réckbezuelungen un déi betraffe Stéit. Wéi ee Montant ass fir dëse konkrete Kontext am Budget virgesinn?  

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen