Staatlech Opträg u grouss Baufirmen

De 27te September hat RTL een Artikel publizéiert mam Titel “Eng privat Soirée vum Marc Giorgetti mat DP an CSV”. Schnell goungen d’Gerüchter ëm, dass béid Parteien wuel eng Wunnengsbaupolitik géifen maachen, déi virun allem de grousse Promoteuren a Groussgrondbesëtzer géing an d’Hänn spillen. An effektiv weisen déi grouss Linnen am Koalitiounsaccord, dass virun allem Leit mat vill Geld a Besëtz am meeschten vun der Wunnengsbaupolitik kéinte profitéieren, während ëmmer méi Leit dann loune mussen, wat déi Leit mat vill Geld a Besëtz alt nees méi räich mécht.

Grouss Bauentreprisen, déi breet genuch opgestallt sinn, hunn also an der aktueller Baukris manner Suergen, well se nieft honnerten Hektar u Baulandreserven (siehe Note 29 Observatoire de l’Habitat) duerch hir Gréisst och an anere Branchen am Bausektor schaffen (Stroossebau, grouss staatlech Gebaier) a beschtens mat den Optraggeber beim Staat vernetzt sinn. Eleng fir de Bau vu Stroossen a Renovéierungsaarbechten sinn am Budget 2023 340 Milliounen Euro virgesinn. Op de grousse Schantjeeën vum Staat fënnt een deemno oft déi selwecht bekannten Nimm vu grousse Baufirmen a Promoteuren erëm, déi bei ëffentlechen Ausschreiwungen d’Opträg meeschtens kréien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wien waren zënter 2018 déi zéng gréissten Optragnehmer fir de Bau vun Infrastrukturprojeten an Immobiliëprojeten vum Staat, opgelëscht no Firma?

  2. Wéi vill Sue kruten dës Firmen an deenen eenzele Jore fir hir Servicer ausbezuelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 115

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene