Indexéierung vu Stéierkreditter

Context:

Séance publique n°6
Dossier parlementaire n°8290 

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Datt et eng Réi Steierkreditter ginn, vun deenen d’Leit dobaussen am Moment profitéiere kënnen, dorënner den CICO2;
  • Datt säit dem 1.01.2020 6 Index-Tranchen erfale sinn, déi fir eng nominativ Erhéijung vun de Paien a Pensioune gesuergt hunn, déi awer néideg ware fir d’Präissdéieregt ze kompenséieren an dofir net zu engem Plus u Kaftkraft gefouert huet. D’Leit, déi d’Steierkreditter deemools gebraucht hunn, brauchen se also haut och nach;
  • D’Chambre des salariés an hirem Avis zum Projet de loi 8290 erkläert huet, dass zum Beispill beim Crédit d’impôt salarié, säit 2017 10% vun de Leit duerch eng Net-Indexéierung vum Steierkredit, dëse reduzéiert respektiv verluer hunn. 
  • D’Regierung mat der Berengegung vun der Steiertabell ëm 4 Index-Tranchen zum 1.01.2024 unerkannt huet, dass et zu enger kaler Progressioun kënnt, wann ee Steierutilen net indexéiert. 

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. De Barème vun der Eligibilitéit vun de Steierkreditter z’indexéieren.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene