Context:
Séance publique n°6
Dossier parlementaire n°8311
Dossier parlementaire n°8311
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- Am Prinzip gëtt d’Astreinte net als Aarbechtszäit gezielt. D’Astreinte zeechent sech doduerch aus, dass d:en Salarié:e net op enger bestëmmter Plaz muss sinn, mee just muss zu all Moment erreechbar sinn, fir dass en, wann néideg, seng Aarbecht kann ophuelen. D:e Salarié:e kann sech also fräi deplacéieren a sengem Privatliewen an där Zäit nogoen;
- D’Duebelbesteierungs- an Home Office Accorden, déi Lëtzebuerg mat sengen Nopeschlänner getraff huet, gesi fir, dass d’Astreinten zur Aarbechtszäit am Wunnland zielen an dës deemno vun den erlaabte 34 Deeg Home Office ofgerechent ginn;
- Deemno kann just d’Disponibilitéit, fir ze schaffen, déi Betraffen ee ganzen Dag Home Office kaschten;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- Nei Verhandlunge mat de Nopeschlänner ze féieren, mam Zil, dass d’Astreinten net méi an de Seuil vun den 34 Deeg faalen.