Am Joer 2019 huet déi deemoleg Justizministesch fir d’Gebuertsdagsfeier vun der Kannerrechtskonventioun virum Comité des droits de l’enfant de l’ONU declaréiert, dass Lëtzebuerg sech géif e gesetzlesche Kader ginn, dee verhënnert, dass Kanner a Prisongen fir Erwuessener ënnerbruecht ginn. Haut, véier Joer méi speit, ass en entspriechend Gesetz nach net gestëmmt ginn.
Wéi de Presseservice vun der Justiz den 12. Dezember 2023 gemellt huet, gouf dofir rezent och nees e Mannerjärege vum Parquet vu Lëtzebuerg an de Prisong vu Schraasseg placéiert, well déi aktuell Gesetzgebung dat nach erlaabt an an der Sécherheetsunitéit vun Dräibuer keng Plaz war. Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher betount iwwerdeems ëmmer nees, dass Mannerjäreger net a Prisonge fir Erwuessener placéiert dierfte ginn an et fir eng Upassung vun de Gesetzer an den entspriechenden Infrastrukturen héich Zäit gëtt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Mannerjäreger goufen zu Lëtzebuerg säit 2019 an engem Prisong fir Erwuessener ënnerbruecht?
-
Wéi een zäitleche Kader huet sech déi nei Regierung ginn, fir d’Aarbechten un der neier Gesetzgebung fir de Jugendschutz an d’Jugendstrofrecht endlech ofzeschléissen?
-
Hält déi aktuell Regierung un de Pläng vun der viregter fest, dass et e Centre pénitentiaire zu Dräibuer an eng Dezentraliséierung vum CSEE soll ginn?
Falls jo: Bis wéini sollen all dës Infrastrukture fäerdeg an operationell sinn?
Falls nee: Wéi gesinn der aktueller Regierung hier Pläng aus?