2021 ugekënnegt 2024 (villäicht) ëmgesat?

Am September 2021 hunn d’Piraten nogefrot ob d’Ofmelle vun TVA’s Nummeren och soll online iwwert MyGuichet méiglech gemaach ginn. Deemools krute mir gesot, dass dat am Laf vum Joer 2022 soll ëmgesat ginn. Well nach ëmmer näischt geschitt war, hunn d’Piraten nogefrot. Mam Resultat, dee Projet elo 2024 soll kommen. Fir dës Demarche op MyGuichet méiglech ze maache brauch et 1 Informatiker deen sech e puer Deeg dofir Zäit hëlt. Dass dat net soll wéinst Covid-19 oder dem Ukrain Krich zäitlech méiglech gewiescht si loosse mir Piraten net gëllen. Sou geet Digitalisatioun net. Mir hoffen, dass déi nei Regierung an Digitalisatioun 10 Zänn zouleet, well soss gëtt dat mat der Digitaliséierung fir d’Bierger an de Guichets uniques näischt . 

Zesummenhang posts

D’USA huet nei Sanktioune géint Russland ausgeschwat an déi russesch Firma LUKOIL op eng Sanktiounslëscht gesat. LUKOIL huet och zu Lëtzebuerg Aktivitéiten a bedreift,
Et gi vill Leit, déi Wäert op eng bewosst Ernärung leeën, egal, ob et aus etheschen, reliéisen oder gesondheetleche Grënn ass. Leider feelt et