Netzausfäll bei der Police

Kënnt et, esou wéi z.B. um 24.11.2023, zu engem gréisseren Netzausfall bei engem vun den nationalen Handy-Ubidder, huet eng grouss Unzuel u Clientë keng Méiglechkeet méi, mobil ze telefonéieren. Grad wann et ëm d’Personal vun den Infrastructures Critiques geet, kann dëst sécherheetsrelevant Konsequenzen hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt garantéiert, dass d’Personal vun den Infrastructures Critiques zu all Moment erreechbar bleift?

  2. Bleiwen d’Déngschthandyen vun z.B. der Police oder anerem wichtegem Personal operationell a Momenter wou et partiell oder komplett Netzausfäll gëtt?

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt