Kënnegung no 78 Woche Krankeschäin

Am Fall vun schwéieren Krankheeten oder Accidenter kann een als Aarbechter:in ganz séier vill Deeg a Wochen Krankeschäin sammelen. Momentan gëllt, dass d’CNS bis zu 1,5 Joer Krankeschäin op enger Referenzperiod vun 2 Joer bezillt. Duerno erfällt beim Staat eng Kënnegung. Eppes wat zum Beispill d’AEE kritiséiert, well et dozou féiert, dass dës Persounen net méi kënnen zréck bei de Staat schaffe kommen, wann se erëm gesond sinn. D’Regierung kënnegt an hirem Accord fir 2023-2028 un, dëst Gesetz reforméieren ze wëllen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi vill Persoune sinn an deene leschten 10 Joer beim Staat entlooss ginn opgrond vun der 52 an duerno 78 Wochen-Reegel? Wéi vill Leit waren et am ale Regimm vun den 52 Wochen? Wéi vill an dem vun 78 Wochen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene